NOUVEAU - NEU

Schoulprojet zu Schëtter zum Thema "Fréijor"

"Alles Familie"-Projekt der uni.lu in Niederanven

Projeten an de Syrdallschoulen
 Comments (0)  

Projeten déi an e puer Syrdallschoulen organiséierert gin an déi mer op eiser Homepage dokumentéieren fannt der op 2 Plaatzen:

  • Alles wat éischter a Richtung Ressourcen an Inspiratiounsquellen fir d'Enseignante geet gët an dësem Webfolio veröffentlëcht.

    Sou zum Beispill:
 Comments (0)  
  • Wann et sech éischter un de Public riicht (Kanner, Elteren,...), da setzen ech et an de Webfolio "SyrdallGeschichten".
Syrdallschoulen-Kollaboratiounsgrupp 2008

 

Léif Kollegen/innen,

No der Journée Pédagogique mam Christian Staquet am Dezember 2007, hunn e puer Kollegen vun Nidderaanven a Schëtter fonnt, dass et eng gudd Iddi wier, wann net nëmmen d’Kanner mais och d’Kollegen  aus eisen dräi Schoulen géifen méi  enk zesummeschaffen.
Säit e puer Wochen treffen sech dofir Kollegen aus denen 3 Geméngen fir ze kucken a wéi wäit mir d’Zesummenaarbecht tëschent eisen 3 Schoule ausbaue kéinten.
Ee ganz nëtzleche Punkt wier dobäi d’Zesummeleeën vun eise Ressourcen (Iddien, Erfahrungen, Material...),  nom Motto Zesummenaarbecht ass gedeelten Aabecht, a vill Käpp fanne méi wi een aleng.

Mir wollten elo emol 2 Themen virschloën, an hoffen, Aert Interessi domatt ze treffen. An énger éischter Phase, an och fir eis besser kennen ze léieren, géngen sech all déi Interesséiert  gesinn, fir zesummen iwwert déi Themen ze schwätzen. Et soll awer nët just en „Debattéierclub“ ginn. Eist Ziel ass et Ressourcen zum Thema ze sammelen, Iddien fir Projeten auszeschaffen,... di duerno da jiddferen esou wéi hie wëllt a séngem Unterrecht kann asetzen.
Dat wat dann dobäi erauskënnt géif an desem Webfolio festgehalen ginn, sou dass jiddereen:
- dee Moment wou en dat Thema wëll behandelen hei no Iddien, Ureegungen, Material, Kontaktpersounen,... siche kann;
- zu all Moment nach selwer Ergänzungen androe kann;

E weidert Ziel heivu wär och, dass jiddereen lues a lues ëmmer méi Leit aus deenen anere Schoule kënne léiert.
Jiddereen ka matmaachen, vu Précoce bis d'6. Schouljoer.

Hei sinn déi zwee Themen un deene mer eemol am Mount schaffen. Et kann hei iddereen zu all Moment dobeistoussen, wat méi Leit matman, wat mat mer all méi dovun hun.

a) Liesprojet

A klenge Gruppen welle mer ausschaffen, wéi mer e Liesprojet an der eegener  Klass kenne gestalten: Choix vun der Lecture, Organisatioun an der Schoulzäit, eventuell Produiten (Rollespiller, Ausstellung, ...), eventuell Abezéien vun den Elteren, méiglech Aktivitéiten (Liesnuecht, Liesrallye, ...). An och wéi en Austausch tescht verschiddenen Klassen, Graden an/oder Schoulen kéint ausgesinn. 

Ween huet hei schon aktiv matgemaach? (Kontaktpersounen fir dëse Kooperatiounsprojet)

 

Nidderaanwen: Rol Schiltz, Annouk Retter, Clôd Schmit, Martine Geib, Carole Krecké, Véronique Kohnen
Mënsbëch: Alain Stemper, Nathalie Nies-Hellers, Béatrice Calmes-Maas, Lis Schummer, Alexandra Larosch
Ruedt-Syr: Lea Faber, Maggy Wangen


b) Positivt Klasseklima
 
Mir wéilten folgend Themenschwéierpunkten behandelen:
• Wat versti mir als Enseignanten ënnert engem positive Klasseklima?
• Wéi fannen mer eraus, wat d’Kanner dorënner verstinn? ( Emfro, Brainstorming, Analyse vun der aktueller Situatioun an der Klass, …)
• Wat sin méiglech Konfliktsituatiounen (Sport, Gruppenaarbecht, …)? Wéi kënne mer déi gutt handhaben?
• Wat fir eng Méiglechkeeten hu mir fir d’Klima ze verbesseren? Wéi kann ech bei de Kanner d’Klassegefill stäerken (d’Gefill, dass „mir éng Klass sinn“)?
• Wou fannen ech Texter, Filmer, Internetsäiten...?

Ween huet hei schon aktiv matgemaach? (Kontaktpersounen fir dëse Kooperatiounsprojet)

 

Nidderaanwen: Rol Schiltz, Annouk Retter, Clôd Schmit, Claude Gilbertz, Susi Heinz-Baldauff,
Mënsbëch: Alain Stemper, Nathalie Nies-Hellers, Béatrice Calmes-Maas,



Last Update: 2/3/2016 12:06:09 AM